FLVB News
D'Lëtzebuerger Volleyball Federatioun huet hir ordentlech Generalversammlung am Mamer Schlass ofgehalen. Schonn de Mamer Buergermeeschter Luc Feller huet an senger Begréissung de Wonsch geäussert, datt de Volleyball méi Plaz an de Medien sollt kréien – en Thema, dat sech duerch déi ganz Versammlung gezunn huet.
FLVB-Presidentin Norma Zambon huet drop higewisen, datt d'Federatioun aktuell un enger ganzer Rei internationale Programmer bedeelegt ass (FIVB Volleyball Empowerment, dräi Erasmus+ Projeten, CEV EmpowHER, COSL IMPULS II, ënner anerem), wat net nëmmen Austausch, mä och finanziell Ënnerstëtzung fir de Volleyball zu Lëtzebuerg bréngt.
Beim Beachvolleyball gëtt et de Moment e richtege Boom. Mam neie nationale Koordinator schaaft d'FLVB d'Viraussetzungen, fir mëttelfristeg méi Lëtzebuerger Ekippen op internationalem Niveau ze positionéieren – d'4. Plaz vun Hilbert/Weber beim Beach Pro Tour zu Genève ass e gutt Beispill vum Potenzial.
D'nei Saison an der MIXVOIP League start eréischt den 25. Oktober: 7 Ekippen bei den Hären (keen Ofsteiger, no dem Réckzoch vum Escher VBC) a 8 Ekippen bei den Dammen (Fenténg ersetzt Esch). D'Supercoupe gëtt dëst Joer iwwer 2 Deeg gespillt, mat Halleffinallen de Weekend virum Finall.
Den techneschen Direkter Torsten Schooff huet d'Strategie 2026-2032 virgestallt – e Konzept vun iwwer 100 Säiten, dat de Volleyball zu Lëtzebuerg stabiliséieren an ausbaue soll, mat engem klore Fokus op Formatioun (Spiller, Trainer, Arbitren), Visibilitéit a Safeguarding. D'Finanze vun der Federatioun bleiwen insgesamt stabil, hänken awer staark vun der Zuel un internationale Campagnen of.
Eng grouss Neiegkeet fir déi nei Saison: D'FLVB lancéiert als éischt Lëtzebuerger Federatioun eng Fantasy League, fir d'Fans méi no un d'Spiller, d'Veräiner an de Volleyball ze bréngen.