Skip to main content

News

LBT 2026 - Halleffinaliste sti fest

| Lux Beach Tour

Hilbert/Weber qualifizéiere sech souverän fir Halleffinallen

Bei den Eliminatoiren zu Zéisseng um Stade Boy Konen huet sech déi u Nr 1 gesate Koppen Colin HILBERT / Steve WEBER ouni gréisser Problemer mat 3 Victoiren aus 3 Matcher fir d' Halleffinall de Samschdeg zu Esch qualifizéiert.

Déi u Nr 2 gesaten zweet Nationalekipp Lucas PERNOSSI an Mathis WOLFF  hat do scho méi Krämpes. Si hu missen an der 1/4s Finall géint déi u Nr3 gesaten DUCH / FISCHER untrieden a konnte sech do eréischt iwwert den Tie Break qualifizéieren.

Déi aner 2 Halleffinalisten sinn d' Iwwerraschunge vum Weekend. D' Ekipp Chris ZENDER / Chris ZUIDBERG gewannen als éischt géint DUCH / FISCHER an duerno an engem enke Match COMPLAK/ MARECHAL. 

Fir déi gréissten Iwwerraschung suergen Loris CENTRONE / Tim MANGEN. Déi 2 Indoor Nationalspiller gewannen als Seed 12, 3 vun 3 Matcher an eliminéieren BAUSTERT/FELLINGER (Seed 5),  d' Halleffinaliste vum leschte Joer BARNES/RUBY (Seed 4) an och déi 2 Routiniers'en Tomas PAVELKA/ Jaromir KOLACNY (Seed 8).

D' Halleffinalle bei den Hären heeschen :

·       Hilbert / Weber vs Centrone / Mangen

·       Wolff / Pernossi vs Zender / Zuidberg

Bei den Damme stinn 6 (vun 8) Spillerinnen vun der GYM Volley an den Halleffinallen

Déi u NR 1 an 2 gesaten Ekippen Laura RUELLAN / Nadja SCHAUS an Carlotta KAUKA / Lara PICHT gewannen all hier Matcher souverän. 

Méi spannend wor et fir déi aner 2 Halleffinalistinne ze fannen. Hei hunn déi u Nr 3 a 4 gesaten Ekippen Anne-Catherine BOLLENDORFF / Gina REULAND an Eline DELCOURT / Laila KINSCH hir Positioun net konnte verdeedegen a mussen hir Plaz un SAN MARTIN / PLUSA (Seed 5) an COMPLAK / LORANG (Seed 6) ofginn.

An den Halleffinallen spillen deemno :

·       Schaus / Ruellan vs San Martin / Plusa 

·       Kauka / Picht vs Lorang / Complak

Hei de Programm vun den Halleffinallen a Finallen de Weekend um Luxembourg Beach Open zu Esch.

Samschdeg 25/07/2026

·       17:00 semi-final 1 (m) Hilbert/Weber vs Centrone/Mangen

·       18:00 semi-final 2 (m) Zender/Zuidberg vs Pernossi/Wolff

·       19:00 semi-final 1 (w) Ruellan/Schaus vs San Martin/Plusa

·       20:00 semi-final 2 (w) Complak/Lorang vs Kauka/Picht 

Sonndeg 26/07/2026 

·       13:15 Bronze match (w) loser semi-final 1 vs loser semi-final 2

·       14:15 Bronze match (m) loser semi-final 1 vs loser semi-final 2

·       15:45 Gold match (w) winner semi-final1 vs winner semi-final 2

·       16:45 Gold match (m) winner semi-final1 vs winner semi-final 2

External Photo Gallery Link(s)

FLVB News