Hilbert/Weber qualifizéiere sech souverän fir Halleffinallen
Bei den Eliminatoiren zu Zéisseng um Stade Boy Konen huet sech déi u Nr 1 gesate Koppen Colin HILBERT / Steve WEBER ouni gréisser Problemer mat 3 Victoiren aus 3 Matcher fir d' Halleffinall de Samschdeg zu Esch qualifizéiert.
Déi u Nr 2 gesaten zweet Nationalekipp Lucas PERNOSSI an Mathis WOLFF hat do scho méi Krämpes. Si hu missen an der 1/4s Finall géint déi u Nr3 gesaten DUCH / FISCHER untrieden a konnte sech do eréischt iwwert den Tie Break qualifizéieren.
Déi aner 2 Halleffinalisten sinn d' Iwwerraschunge vum Weekend. D' Ekipp Chris ZENDER / Chris ZUIDBERG gewannen als éischt géint DUCH / FISCHER an duerno an engem enke Match COMPLAK/ MARECHAL.
Fir déi gréissten Iwwerraschung suergen Loris CENTRONE / Tim MANGEN. Déi 2 Indoor Nationalspiller gewannen als Seed 12, 3 vun 3 Matcher an eliminéieren BAUSTERT/FELLINGER (Seed 5), d' Halleffinaliste vum leschte Joer BARNES/RUBY (Seed 4) an och déi 2 Routiniers'en Tomas PAVELKA/ Jaromir KOLACNY (Seed 8).
D' Halleffinalle bei den Hären heeschen :
· Hilbert / Weber vs Centrone / Mangen
· Wolff / Pernossi vs Zender / Zuidberg
Bei den Damme stinn 6 (vun 8) Spillerinnen vun der GYM Volley an den Halleffinallen
Déi u NR 1 an 2 gesaten Ekippen Laura RUELLAN / Nadja SCHAUS an Carlotta KAUKA / Lara PICHT gewannen all hier Matcher souverän.
Méi spannend wor et fir déi aner 2 Halleffinalistinne ze fannen. Hei hunn déi u Nr 3 a 4 gesaten Ekippen Anne-Catherine BOLLENDORFF / Gina REULAND an Eline DELCOURT / Laila KINSCH hir Positioun net konnte verdeedegen a mussen hir Plaz un SAN MARTIN / PLUSA (Seed 5) an COMPLAK / LORANG (Seed 6) ofginn.
An den Halleffinallen spillen deemno :
· Schaus / Ruellan vs San Martin / Plusa
· Kauka / Picht vs Lorang / Complak
Hei de Programm vun den Halleffinallen a Finallen de Weekend um Luxembourg Beach Open zu Esch.
Samschdeg 25/07/2026
· 17:00 semi-final 1 (m) Hilbert/Weber vs Centrone/Mangen
· 18:00 semi-final 2 (m) Zender/Zuidberg vs Pernossi/Wolff
· 19:00 semi-final 1 (w) Ruellan/Schaus vs San Martin/Plusa
· 20:00 semi-final 2 (w) Complak/Lorang vs Kauka/Picht
Sonndeg 26/07/2026
· 13:15 Bronze match (w) loser semi-final 1 vs loser semi-final 2
· 14:15 Bronze match (m) loser semi-final 1 vs loser semi-final 2
· 15:45 Gold match (w) winner semi-final1 vs winner semi-final 2
· 16:45 Gold match (m) winner semi-final1 vs winner semi-final 2



