Skip to main content

News

Mixvoip League - 2te Spilldag

| Championnat
Tags: MIXVOIP
© Jil Funk

Um zweete Spilldag konnten d' Favoritten iwwerzeegen

An der Mixvoip League bei den Dammen konnt sech de Volley Bartreng doheem mat 3-1 géint den VC Fenteng behaapten. No 2 klore Sätz (25:15, 25:18) konnt de VC Fenteng mat engem emkämpften 26:24 verkierzen huet de véierte Saz awer nees klor mat 18-25 ofginn.

Den VC Belair hat beim 0-3 géint Gym Volley genee esouwéineg ze gutt wéi den Volleyball Iechternach doheem géint de VC Mamer. D' RSR Walfer hat den éischte Saz doheem mat 17-25 un de VC Stengefort ofginn, konnt de Match duerno awer souverän fir sech decidéieren.

Volley Bartreng

-

VC Fentange

3:1 ( 25:15 25:18 24:26 25:18 )  100 min

VC Belair

-

CS GYM Volley

0:3 ( 12:25 8:25 14:25 )  59 min

RSR Walfer

-

VC Steinfort

3:1 ( 17:25 25:19 25:23 25:17 )  105 min

VB Echternach

-

VC Mamer

0:3 ( 20:25 10:25 20:25 )  62 min

 

Bei den Männer goufen et all Kéiers kloer 3-0 Victoiren fir Favoritten.

VB Echternach

-

VC Lorentzweiler

0:3 ( 17:25 18:25 22:25 )  71 min

Volley Bartreng

-

VC Fentange

3:0 ( 25:23 25:20 25:16 )  70 min

VC Belair

-

VC Stroossen

0:3 ( 10:25 23:25 9:25 )  62 min

       

 

Virum drëtte Spilldag dëse Weekend ass d' Gym Volley en Dënschdeg am Retour géint d' Hollännerinnen vun Assen gefuerdert.

De Match gett um 19:30 an der Sportshal um Cents ugepaff.

FLVB News