3 Ekippen hate sech fir d' europäesch Challengecup Kompetititoun ugemellt. Den Optakt mécht d' Gym Volley. 28 Joer no hirer leschter Participatioun dierf de frësch gebaakene Super Cup Gewënner an Holland géint Sudosa Assen untrieden. En glécklecht Lous, esouwuel wat den Trajet, an d' Organisatioun déi domatt zesummenhänkt, ewéi och de Niveau ugeet. Et ass natierlech ze fréi fir vun engem zweeten Tour ze schwätzen mee eng Chance dierften dem Fabio Aïuto seng Dammen opjuddefall hunn.
Si spillen haut, 27.10. um 20h00, am Allermatch an Holland. De Retour ass fir den 3. November um 19h30 an der Sportshal um Cents programméiert.
Eng Woch duerno ass et un den Hären. Als éischt huet den VC Luerentzweiler, den 10. November Heemrecht géint Norweger vun BK Tromsø. En Dag méi spéit trëtt den VC Stroossen zu Teneriffa géint Cisneros Alter LA LAGUNA un. D' Retourmatcher vun den 1/32 Finallen sinn dann nees eng Woch méi spéit.