Skip to main content

News

Sensationell Qualifikatioun fir nächsten Tour an der EM-Quali

| MEVZA

Lëtzebuerger U20 qualifizéiert sech fir de nächsten Tour!

Am Match ëm déi 5. Plaz um MEVZA Tournoi vun der 1. Qualfikatiounsronn fir U20 Europameeschterschaft 2027 gewannen d' Lëtzebuerger zu Steibrunn (AUT) mat 3-2 géint Zypern.

Méi spannend an dramatesch geet et kaum. E ganz serréierte éischten Saz gouf et zum Optakt wou d' Lëtzebuerger Receptioun nach net déi Qualitéit hat wéi nach den Dag virdrun géint Slowakei. Géint Enn vum Saz konnt Zypern op 24-21 fortzéien. Lëtzebuerger konnte nach emol bäi 24-24 ausgläichen mee de Saz gett vun Zypern mat 26-24 gewonnen.

Am zweete Saz sinn d' Lëtzebuerger engem 3 Punkte Réckstand (5-8) hannendru gelaf fir dunn bei 16-15 eng éischte Kéier selwer a Féierung ze goen. Duerch gutt Aarbecht am Beräich Block-Defense hunn d' rout Léiwen sech um Enn vum Saz kloer mat 25-21 behaapt.

Ufank vum drëtte Saz sollt et an där Dynamik weidergoen. Dem Ranguel Krivov seng selektionnéiert Spiller hu keen Ball verluer ginn a konnten sech iwwert 6-1 a 14-9 e komfortable Virsprong erausspillen. Vläit hunn sech Léiwen dunn ze sécher gespiert well Zypern ass Punkt fir Punkt nees méi no erukomm. Ze ernimmen datt an dësem Saz den Jakub Karzel bei 7 Attacken, 7 Punkte gemaach huet. Leider sollt dat net duergoen an Zypern geet duerch 25-23 mat 2-1 an Féierung.

Am véierte Saz hunn d' Lëtzebuerger virun allem vun de Feeler vun hire Géigner profitéiert. Donieft konnte si den Haaptattaquent vun Zypern mat nëmmen 35% Reussite (bei 20 Versich) an der Attack gréisstendeels neutraliséieren. Dat war de Grondsteen fir eng souverän Lëtzebuerger Prestatioun déi mat 25-20 belount gouf.

Am fënnefte Saz dunn de Schockmoment. Den Haaptattaquant vun de Lëtzebuerger (29 Punkten am ganze Match) Noah Oesch blesséiert sech direkt am Ufank vum Saz um Knéi a kann net méi weiderspillen. Hien gouf duerch den jénksten an der Lëtzebuerger Ekipp, Cedrik Braun, ersat. Bei 5-2 fir Zypern huet et net gutt ausgesinn fir rout Léiwen. Mee d'Ekipp vum Akos Bibel huet Moral bewisen an aner Spiller hu Verantwortung iwwerholl. Et huet een gespuert wéi Lëtzebuerger unbedingt gewanne wollten. Den leschte Punkt zum 15-13 war dem Loris Metzger vergonnt deen domatt déi zweet Victoire an der MEVZA Kompetitioun perfekt gemaach huet.

Duerch dës fënneft Plaz beim Tournoi qualifizéieren sech d' Lëtzebuerger U20 Hären fir déi zweet Ronn vun der EM-Qualifikatioun déi am Januar 2027 wäert gespillt ginn.

FLVB News