FLVB News
Eischt Victoire géint Slowakei
Um Samschdeg Moien sinn Lëtzebuerger an der éischter Halleffinall ëm Plazen 5.-8. géint Slowakei ugetrueden.
No onglécklechem Optakt konnten Lëtzebuerger mam Felix Finzi, Jakub Karzel an Danis Muhovic duerch gutt Servicer hier Géigner ënner Drock setzen. Beim Stand vun 16-9 haten rout Léiwen esouguer en Virsprong vu 7 Punkten erausgespillt. Slowaken hu vill gewiesselt fir Dynamik bei de Lëtzebuerger ze stéieren. d' FLVB Selektioun konnt de Virsprong awer geréieren a gewënnt den éischte Saz mat 25-21.
Anert Bild am zweete Saz: Hei sinn Lëtzebuerger permanent engem Réckstand hannendru gelaf. Bei 24-20 haten Slowaken direkt 4 Sazbäll. Mam Loris Metzger um Service konnten Lëtzebuerger de Score nach emol egaliséieren fir dann esouguer mat 26-24 als Gewënner um zweete Saz d' Säite nees ze wiesselen.
Dësen Effort huet Kraaft kascht an d' Slowaken, mam Réck zur Mauer, hunn méi Drock gemaach. Am drëtte Saz war fréi kloer datt Lëtzebuerger net nach emol esou en Comeback ewéi am Zweeten realiséiere konnten. D' Slowaken verkierzen dann och verdingt duerch en 25-15 op 1-2 an de Sätz.
Am véierte Saz hunn Lëtzebuerger d' Heft nees an d' Hand geholl. Ëmmer nees hunn Finzi, Karzel an Oesch am Block zougepak an de Lëtzebuerger bis zu 8 Punkten Avantage verhëllefen (16-8). Zu deem Ament sinn rout Léiwen an e Lach gefall. Et ass näischt méi richteg zesummegelaf, och 2 Temps-Morts'en vum Coach Ranguel Krivov hunn net gehollef. Slowakei huet déi 8 Punkten opgeholl an de Match nach emol spannend gemaach. Lëtzebuerger hu sech nei konzentréiert an lues a lues nees e klenge Virsprong erspillt fir datt am leschte Sideout vum Match de Felix Finzi mat enger Attack duerch d' Mëtt déi éischt Victoire bei desem Tournoi a bei der MEVZA U20 Kategorie iwwerhaapt fir Lëtzebuerg perfekt gemaach huet. Topscorer vum Match war den Noah Oesch mat 23 Punkten.
Muer spillen d' Lëtzebuerger, nees um 11:30, hire leschte Match ëm Plaz 5 géint Zypern, déi sech mat 3-2 géint Ungarn behaapt hunn. Sollt de Lëtzebuerger nees eng Victoire gelengen, sinn d' rout Léiwen fir den zweeten Qualfikatiounstour fir U20 Europameeschterschaft qualifizéiert.