Wéineg iwwerraschend huet, no hirem Réckzoch aus der MIXVOIP League, den Escher VBC déi meeschte Spiller*inne verluer. Et ginn awer och aner interessant Mouvementer.
Esou huet zB de VC Bissen nom Opstig an déi éischt Divisoun insgesamt 14 nei Spiller*inne recrutéiert. Vill Wiessel gouf et och beim Volley Bartreng (+16, -12), dem Härechampion VC Stroossen (+14, -8), dem Coupegewënner VC Luerenzweiler (+11, -8), dem CHEV Diekirch (+5, -17) oder nach beim Doublésgewënner bei den Dammen Gym Volley (+9, -10), dem VC Stengefort (+7, - 13) oder dem Opsteiger VC Belair (+11, -8).
All national Transferten fannt dir an eiser Download Section oder hei: