Skip to main content

News

Tschechesch Victoire beim MEVZA Luxembourg 2026

| MEVZA-BEACH
© Francis Manderscheid | volleyball.lu
© Francis Manderscheid | volleyball.lu

Hilbert / Weber an der 1/4s Finall eliminéiert.

Bei bis ewell stäerkst besaten Tournoi op der MEVZA Beach Tour mat 3 Ekippen iwwert 700 Weltranglëschte Punkte konnten sech de Colin Hilbert an de Steve Weber bis an 1/4s Finall kämpfen.

D' Lëtzebuerger Koppel Nr1, mat 688 Punkten op Seed 4 gesat, huet sech an der Pool D am éischte Match mat zweemol 21-19 géint Tusek / Nowotny (CZE) duerchgesat. Am zweete Match hu si géint déi spéider Gewënner Olsansky/Westphal (CZE, Seed 5) mat 17-21 a 15-21 de Kierzere gezunn.

Duerch en 2-0 (21-10, 23-21) géint d' Éisträicher Kitzmüller/Holzner an  der Tëscheronn konnten si sech fir 1/4s Finall qualifizéieren.

No der Bronzemedail am éischten an der Sëlwermedail am zweeten Tournoi vun der MEVZA Beach Tour 2026 wollten si eng weider Kéier op de Podium.

Géint eng weider Tschechesch Koppel, Oliva/Kuthan, hunn Hilbert / Weber den éischte Saz mat 21-19 gewanne kënnen. Oliva/Kuthan hunn duerno mat engem 21-15 ausgeglach an och den Tiebreak mat 15-9 dominéiert.

Keng vun den Topgesaten Ekippen an den Halleffinallen

E bëssen iwwerraschend konnt sech keng vun den op Plazen 1-4 gesaten Ekippe fir Halleffinalle qualifizéieren. Um Sonndeg stoungen sech hei:

Nemec/Jancok SVK [6]          Oliva/Kuthan CZE [8] [Q]       
Jevšnik/Mugerli SLO [7]         Olsansky/Westphal CZE [5]   géintiwwer.

Um Enn konnten sech Nemec/Jancok mat 2-1 an Olsansky/Westphal mat 2-0 fir Finall qualifizéieren.

Tschechesch Victoire beim MEVZA Luxembourg 2026

An enger ganz spannender Finall mat héichklassegem Beachvolleyball konnten sech d' Slowaken am éischte Saz mat 21-17 duerchsetzen. Olsansky/Westphal hu reagéiert an den zweete Saz mam selwechte Resultat fir sech decidéiert an hunn och den Tiebreak mat 15-10 gewanne kënnen.

Wolff/Pernossi am Main Draw eliminéiert.

De Lëtzebuerger Vize Champion am Beachvolleyball Mathis Wolff / Lucas Pernossi war als Seed 10 an den Tournoi gaangen. An hirem éischte Match an der Pool B hunn si den éischte Saz misse géint d' Ungare Pongracz / Goudie mat 18-21 ofginn. Den zweete Saz goung mat 21-17 un d' Lëtzebuerger. Am decisiven drëtte Saz hu Wolff / Pernossi sech awer nees mat 11-15 misse geschloe ginn.

An hirem zweete Match konnten si géint déi spéider Bronzemedail Gewënner aus Slowenien Jevšnik/Mugerli net mathalen a verléiere kloer mat 0-2 (16-21, 13-21).

Vill zefridde Gesiichter op neiem Terrain

Et war déi zweete Kéier datt FLVB en Tournoi vun der MEVZA Beach Tour organiséiert huet. Eng éischte Kéier iwwerhaapt um Site vun de Baggerweieren zu Rëmerschen. Och wann et nach e puer Stellschrauwen ze ajustéiere gëtt war de Feedback, virun allem vun den Athleten, extrem positiv. 

 

External Photo Gallery Link(s)

FLVB News