FLVB News
Am nationale Beachvolleyball Championnat konnt sech an der Kategorie Mixte d' Koppel BOLLENDORFF / ZENDER an der Finall géint VÖLZ / SCHONS duerchsetzen.Bei der vum Beach de Lux organséierter Finall Ronn waren 13 Ekippen ugemellt. Schonn an der Qualifikatioun hu sech d' Halleffinallen ugedeit. E
sou konnten POPOVA / BURLAKOV, REULAND / GOERENS, BOLLENDORFF / ZENDER a VÖLZ / SCHONS sech fréizäiteg fir 1/4s Finallen qualifizéieren wou si sech dann och duerchetze konnten.
An den Halleffinallen koum zu den Dueller BOLLENDORFF / ZENDER géint REULAND / GOERENS an VÖLZ / SCHONS géint POPOVA / BURLAKOV. Hei konnte sech all Kéiers déi éischtgenannten behaapte.
An der Finall hate BOLLENDORFF / ZENDER keng gréisser Problemer mat hire Géigner. Si konnte sech kloer an zwee Sätz mat 21-14 an 21-15 duerchsetzen.
Op déi drëtte Plaz kommen REULAND / GOERENS.
Eischt Editioun vun der Youth Beach Tour
Donieft gouf de leschte Weekend och d' Finall vun der éischter Editioun vun der Youth Beach Tour gespillt. Hei waren am Ganze 15 Ekippen (17 Joer oder méi jonk) ugemellt. Hei gewannen CARILLO / KOROGLANOGLOU an der Finall géint JUNKER / HRUBANOVA mat 2-0 (15-10, 15-11). OP déi drëtte Plaz kommen FELTEN / DESEILLE.
Lux Beach Tour déi nächst 2 Weekender.
Zu Zéisseng ginn dann dëse Weekend d' Eliminatoiren fir den Beachvolleyball Champion 2026 bei den Dammen an Häre gespillt. Hei sinn all Kéiers 16 Ekippen ugemellt. Gespillt gett bisRonn vun de leschte 4. D' Halleffinallen ginn dann am Kader vum Luxembourg Beach Open um Samschdeg 25. Juli zu Esch gespillt.
Den Dag duerno geet et dann, och zu Esch, ëm Plazen um Podium.