FLVB News
D' Luxembourg Beach Tour ass zënter dem 6. Juni amgaang. Bei den 4 Hären -an 3 Dammentournoisen déi zur Qualifikatiounsronn gehéieren gi Punkte gesammelt mat deenen si sech kënnen fir d' Finall Ronn vun de je 16 beschten Ekippen qualfizéieren an hir Plaz am Tableau optimiséieren.
Fir déi Spiller'innen wou och Tournoisen am Ausland gespillt hunn, kommen zousätzlech Punkten dobei.
Bei den Hären sinn déi 4 Qualifikatiounstournoisen gespillt:
Beim Tournoi zu Lëntgen huet sech den Tomas PAVELKA mam Tim MANGEN an der Finall géint Pierre BAUSTERT / Felix FELLINGER duerchgesat. Op déi drëtte Plaz kommen Robin DUCH / hugo FISCHER.
Um Iechternacher Séi gouf nom Format King of the Court gespillt. Hei huet sech d' Koppel Jakub HUKEL / Francisco FERREIRA virun Robin DUCH/ Hugo FISCHER an Raphael BETTI / Philippe GOERENS duerchgesat.
Bei der Gym Volley um Cents gouf et eng Victoire vun DUCH / FISCHER déi an der Finall géint EL HAJAME / EDDAKI gewannen. Nach mat op de Podium kommen d' Gewënner vun Iechternach HUKEL / FERREIRA.
Den 28. Juni ware nach d' Bartreng Beach Battles wou sech den Tomas PAVELKA des Kéier mam Jaromir KOLACNY déi meeschte Punkte geséchert hunn. Si hunn an der Finalll géint DUCH / FISCHER gewonnen. Op déi drëtte Plaz kënnt Koppel COMPLAK / MARECHAL.
Bei den Damme bleift nach 1 Tournoi ze spillen:
Hei war den éischten Tournoi zu Iechternach am Modus Queen of the Court mat enger Victoire vun Emma VAN ELSLANDE / Lilly TARANTINI virun Julie TESO / Paula VERARDO an Karolina KOMPLAK / Marthe LORANG op en Enn gaangen.
Um Cents gewannen Marthe LORANG / Eline DELCOURT an der Finall géint Nadja SCHAUS / Catherine AMYOT. Op déi drëtte Plaz kommen Laura RUELLAN / Dajana VÖLZ.
Bleift nach de leschten Dammentournoi zu Lëntgen deen wéint der Hëtzt vum 27. Juni op den 4. Juli geréckelt gouf. Nom Weekend wësse mer dann och hei, wéi den Seeding fir d' Manche Finale wäert ausgesinn.
D' Finallronn gett iwwert 2 Weekender gespillt. Den 18. a 19. Juli ginn aus 16 Ekippen déi 4 gesicht déi dann déi Woch duerno an der Halleffinall respektiv der Finall wäerten den Championstitel ënnerteneen ausmaachen.
Hei ziele bei de Männer d' Nationalspiller Colin HILBERT / Steve WEBER, no den exzellente Resultater aus de leschte Wochen an der MEVZA an dem CEV Beach Pro Future, zu de Favoritten.
Fir de Championstitel bei den Dammen ginn et méi Optiounen an et hängt mol virun allem dovun of wien sech als Koppel zesummendeet.