FLVB News
CEV Volleyball European League : Lëtzebuerg mat 2 Defaiten zu Kriens (SUI)
Fir den zweeten European League Tournoi sinn d' rout Léiwen an d'Schwäiz gefuer. Am éischte Match géint Eidgenossen konnten d' Lëtzebuerger am éischte Saz eng laang Zäit gutt mathalen. Eréischt an der Crunch Time haten d' Schwäizer déi besser Duerchsetzungskraaft a gewanne mat 25-22. Och an de Sätz duerno waren d' Lëtzebuerger ëmmer un de Schwäizer drun. Ze dacks hunn awer e puer Zentimeter gefeelt an d' Schwäiz gewënnt Sätz 2 an 3 all Kéiers mat 25-20.
Um Samschdeg Owend stoung dunn Ungarn um Programm. Hei haten d' Lëtzebuerger virun 2 Woche bei den MEVZA Seniors nach knapps mat 2-3 verluer. Lëtzebuerg hat awer Problemer an de Match ze fannen. Déi Ungaresch Block/Defense Strategie ass opgaang a nom Réckstand vun 3 Punkten bei 13-16 sinn d' rout Léiwen net méi erukomm.
Mat liicht Verännerter Opstellung (Funk fir Braas an der Pass a Galoppo fir Bilan als Opposite) huet Lëtzebuerg versicht dem Géigner seng Virbereedung ze stéieren. Leider haten dës Changementer net déi néideg Reussite an och den zweete Saz geet un Ungarn (25-18).
D' Coachen hu weiderhin alles probéiert fir dat richtegt Rezept ze fannen. Den Optakt an den drëtte Saz war iwwerdeems net glécklech (1-8). Mat Kampfgeescht hunn d' Lëtzebuerger sech Stéck fir Stéck nees eru gespillt mee den Ecart war schonn ze grouss. Um Enn stoung et 21-25.
Als nächst steet den Tournoi zu Lëtzebuerg um Programm. Hei spillen d'Lëtzebuerger e Freideg géint Éisträich an e Sonndeg am leschte Match vun der Campagne géint Griichenland.
De Programm an der Coque:
Fr 19.06. 19h30 Lëtzebuerg - Éisträich
Sa 20.06. 18h30 Éisträich - Griichenland
So 21.06. 17h30 Lëtzebuerg - Griichenland